
© piqs.de
Am Eldo Chartbreaker stoung haut am Joer 2003 eng Single op der 1 vum Dido. White Flag.4 Alben hutt hat bis elo erausbruecht, dovunner der 3 di op der 1 an den Albumcharts galant sinn. White Flag gouf souguer mat engem Brit Award ausgezeechent. Witzeg. Fir säi Song I’M NOT A GIRL, NOT YET A WOMAN krut hat 2003 d‘gëllen Hambier als schlechtsten Song vum Joer.
De Bob Marley gëtt vun de Lieser vun engem amerikanesche Museksmagasinn zu dem coolste Museker aus de leschten 30 Joer gewielt. Ganzer 3 Mio Leit hunn deemools virun 10 Joer ofgestëmmt, um Enn ass een sech op de Marley als coolsten eens ginn.
Besonnesch ausgezeechent hätt deen, dass deen ëmmer zu sengem Stil gestaanen hätt a sech trei bliwwe wier. Zum Marley senge bekannten Hits ziele bis haut säi Buffalo Soldier, oder och nach legendär säin No Woman No Cry oder I shot the sheriff.
Bis haut gëllt hien als een vun deene räichsten Doudege. D’Privatverméige vu senger Hannerloossenschaft gëtt op iwwer 600 MIo US Dollar geschat.