This Day In Music - 07. OktoberGwen Stefani, Babyshambles & Co

Haut op engem 7ten Oktober...

09.10.2017, 13:44:51

An der Escher Rockhal op der Bühn haut op engem 7ten Oktober 2007 d’Gwen Stefani op. En absolut onvergiessleche Concert.

Hat hutt definitiv d’Rockhal gerockt.

 

Babyshambles mussen haut virun 11 Joer hier grouss UK Tour verleeën. De Grond, wéineg iwwerraschent hat eppes mam Pete Doherty ze dinn. Deen war zu deem Zäitpunkt mol nees an enger Entzuchklinik.  Am Januar virun 2 Joer woren Babyhsambles och zu Lëtzebuerg an hunn d’Rockhal gerockt, ënnert anerem mat hirer bei de Fans ganz beléifter I WISH Single.





Gebuertsdag hutt haut och de Sänger, Guitarrist a Keyborder vu Radiohead. Den Thom Yorke kritt haut 49 Joer. Mat hirer Single Creep starte si 1993 duerch, obwuel et war kee grousse Succès. Kee Mënsch interesséiert sech sou richteg dofir. E puer Méint méi spéit lancéiere si hiren Album PABLO HONEY. Och do ass Creep drop, an op eemol gëtt d’Single zum Welthit. Entre Temps ass de Yorke och solo aktiv. Creep bleift hier gréisste Single.