
Haut viru 6 Joer stoung de Milow am Atelier. An der Tëscht ass en ëmmer nees komm, op an d'Däichhal oder op Festivalen. De Milow ass no beim Public an hien hutt seng Fans och hei am Land. Den 30sten November steet hien nees am Atelier op der Bühn.
Den 50cent gewënnt haut virun 14 Joer bei de World Music Awards zu Monaco. Gläich 4 mol gëtt hien ausgezeechent. Hien kann sech géint di deemools ganz bekannte russesch Meedercher vun t.A.T.u duerchsetze oder och den Emimem di 2 an 3 Präisser gewannen.
An den Charts ass et eng 1 an den amerikaneschen Albumcharts fir Nevermind vu Nirvana, haut viru 25 Joer, an eng 1 an den Albumcharts an de UK fir Oasis haut viru 9 Joer.