This Day In Music - 21. FebruarMetallica, Robbie Williams, Celine Dion

Haut op engem 21. Februar....

Leschten Update: 21.02.2017, 04:23:01

© afp

Haut virun 31 Joer hunn Metallica hiren 3. Studioalbum “Master of Puppets” eraus bruecht. Fir vill leit an der Metal Community gëllt deen Album bis haut als beschte Metalalbum vun allen Zäiten. Et war och dee leschte Metallica-Album mam Bassist Cliff Burton deen ëm d’Liewe komm ass, wéi d’Band a Schweden mat hirem Tourbus accidentéiert ass.

Virun 19 Joer huet d’Celine Dion et un d’Spëtzt vun de britesche Singlecharts gepackt mat sengem Titel “My Heart Will Go On”. Dat Lidd ass Titelsong aus dem Soundtrack vun Titanic. Et war déi Single déi sech an deem Joer 1998 am beschte verkaf huet.

Virun 16 Joer koum et zu engem Tëschefall bei engem Robbie Williams Concert zu Stuttgart. Kuerz virum Concerts-Enn ass komplett iwwerraschende Mann op d’Bühn gestiermt an huet de Robbie Williams an de Gruef gestouss. De Museker gouf dobäi blesséiert, mee hien ass awer zréck op d’Bühn geklommen an huet de Concert fäerdeg gespillt. D’Police huet dee Schëllegen anschliessend festgeholl. Wéi hien op d’Bühn konnt kommen, ass net kloer.