This Day In Music - 22. FebruarJames Blunt, No Doubt & Co.

Haut op engem 22. Februar....

Leschten Update: 22.02.2017, 00:00:01

James Blunt© JOHANNES EISELE / AFP

20 Joer sinn et hier dass d’Spice Girls op der Nummer 1 vun den US Charts stoungen dat mat der Single Wannabe.

D’Single stoung an iwwer 30 Länner op der Nummer 1 vun den Charts. Der Band ass domat den internationalen Duerchbroch gelongen. Am ganzen haten d’Spice Girls 3 Albumen aus deenen 10 Singlen ausgekoppelt goufen. Si hu weltwäit 53 Mio. Placken verkaf.

Och 20 Joer sinn et hier dass No Doubt op der Nummer 1 vun de UK Single Charts stoungen. Dat mat der Single Don’T Speak. Et war déi 3. Single aus der Band hirem 2. Album Tragic Kingdom.

D’Single Don’t Speak huet sech weltwäit 7 Mio mol verkaf.

Gebuertsdag feiert dann haut den James Blunt. De briteschen Singer/Songwriter feiert de Moment e Comeback mat der Single Love Me Better. Hien kritt haut 43 Joer.

Bekannt gouf hien mam Hit You’re Beautiful.

Weideren Gebuertsdag haut fir Jenny Frost. Hatt war Sängerin beim Trio Atomic Kitten. Atomic Kitten zielen zu den erfollegräichsten Girlbands vum 21. Joerhonnert. Jenny Frost kritt haut 39 Joer.

Den Axel Bosse kritt dann haut 37 Joer. Hien ass besser bekannt ënnert dem Numm Bosse.