This Day In Music - 23. FebruarToto, Whitney Houston & Co.

Haut op engem 23. Februar....

Leschten Update: 23.02.2017, 14:55:30

Whitney Houston© ABDELHAK SENNA / AFP

34 Joer sinn et hier dass bei der Grammy Iwwerreechung zu Los Angeles Toto mam Album vum Joer ofgeraumt hunn. Den Album hat den Titel Toto IV. De Song Rosanna gouf Plack vum Joer.
Am ganzen hunn Toto 19 Albumen eraus bruecht. Se hunn iwwer 40 Mio Albumen verkaf. Zenter dem Joer 2009 si si an der Musicians Hall Of Fame.

Viru 26 Joer hat d’Whitney Housten e Run op der Nummer 1. vun den US Single Charts. D’Single All The Man I Need konnt sech 2 Wochen op där Positioun halen.

Mat iwwer 200 Gëllenen-, Platin a sëlwer Placken ass hatt eng vun den erfollegräichsten Sängerinnen vun allen Zäiten. Whitney Houston ass den 11 Februar vum Joer 2012 gestuerwen.

15 Joer sinn et hier dass den Ja Rule zesummen mam Ashanti fir 2 Wochen un der Spëtzt vun den US Single Charts stoungen dat mam Lidd Always On Time.

Duerch Gestreids mam Eminem, 50 Cent dem Dr Dre an dem DMX ass säi Fame am Rapbusiness quasi verschwonnen.

4 Joer sinn et dann hier dass de Macklemore an de Ryan Lewis op der Nummer 1. vun den US-amerikaneschen Single Charts stoungen. Dat mam Lidd Thrift Shop.

2 Joer sinn et hier dass Bastille mat Bad Blood op der Nummer 1. vun de briteschen Album Charts stoungen.