
Emeli Sandé© ANDREW COWIE / AFP
44 Joer sinn et haut op den Dag hier dass d’Roberta Flack mam Lidd Killing Me Softly With His Song fir 4 Wochen op der Nummer 1. vun den US Single Charts stoung.
Den Hit deen am original vum Lori Lieberman ass an och schonn vun de Fugees gecovert gouf krut bei der Grammy-Iwwerreechung am Joer 1974 als Single vum Joer ausgezeechent.
De 24. Februar vum Joer 1997 koum dann d’Single Der Picknicker vun den däitschen HipHoper Die Fantastischen 4 eraus.
Si hunn am laf vun hirer Karriär méi wéi 4,2 Mio Placke verkaf.
16 Joer sinn et dann hier dass d’Single Stutter vun Joe Feat. Mystikal fir Wochen op der Nummer 1 vun den Us Single Charts stoung.
Stutter war deen eenzegen Hit deen et och hei an Europa op de Radio gepackt hat.
Viru 4 Joer stoung dann d’Emelie Sandé op der Nummer 1 vun de briteschen Album Charts. Dat mam Album Our Versions Of Event.
D’Emeli Sandé spillt de 25. Mäerz e Concert an der Rockhal. Tix ginn et nach op eldo.lu