
Rolling Stones© MARTIN BERNETTI / AFP
Op engem 25. Februar stounge Van Halen fir 5 Wochen mam Lidd Jump op der Nummer 1 vun den US Single Charts. An den UK Charts stoungen si mam selwechten Lidd op der 7. Plaz. Van Halen hunn zu hirer Zäit ënnert der original Formatioun Tountechnesch extrem réi a live geklommen. Dat well si hier Musek ëmmer zäitgläich opgeholl hunn.
5 Joer méi spéit stoungen d’Simple Minds mat der Single Belfast Child op der Nummer 1 vun den US Single Charts. Et war zu deem Zäitpunkt déi Single mat der längster Spilldauer. D’Lidd dauert 6 Minutten a 39 Sekonnen. Domat toppt et Hey Jude vun de Beatles.
22 Joer sinn et hier dass d’Madonna fir 7 Wochen op der Nummer 1 vun den US Single Charts stoung. Dat mam Album Take A Bow. An den UK Charts stoung d’Lidd op der Nummer 16.
13 Joer sinn et hier dass d’Rolling Stones op der Lëscht vun de räichste Museker ganz uewen stoungen. Dat hate si duerch hier Forty Licks Tour erreecht. Mat der Tour hu si 212Mio. Dollar ageholl. Dobäi kommen nach Merchandise Artikelen an DVD’en vun der Show.
8 Joer sinn et hier dass den Ex President Obama de Stevie Wonder geéiert huet. Als musical hero krut hien den Gershwin Prize. D’Zeromie war am wäissen Haus.