
Op engem 26. Februar vum Joer 1983 ass den Album Thriller vum Michael Jackson op d’Nummer 1 vun den amerikaneschen Album Charts geklommen.
Den Album ass nach bis haut deen, dee sech am meeschten verkaf huet. Ganzer 50 Mio Kopien gouf verkaf.
16 Joer sinn et haut op den Dag hier dass Queen mat Innuendo op der Nummer 1 vun den briteschen Singlecharts stoungen. Queen hunn an hirer aktiver Zäit méi wéi 320 Mio Placke verkaf.
Fool’s Garden stoungen haut virun 21 Joer op der Nummer 1 vun den däitschen Album Charts. Dat mam Lidd Lemon Tree.
D’Band zielt als One Hit Wonder.
17 Joer sinn et dann hier dass Savage Garden mat I Knew I Loved You op der Nummer 1 vun de briteschen Single Charts stoungen.
Savage Garden stinn am Guiness Buch vun de Rekorder. Si hunn an enger Soirée 11 Aria Awards gewonnen. Dat huet nach keng aner Band virun hinnen fäerdeg bruecht.
An haut virun 10 Joer ass den Album Yours Truly, Angry Mob vun de Kaiser Chiefs eraus komm.