This Day In Music - 27. FebruarFalco, The Corrs & Co.

Haut op engem 27. Februar....

Leschten Update: 27.02.2017, 00:00:02

© MARK RALSTON / AFP

33 Joer sinn et hier dass Frankie Goes To Hollywood mat der Single Relax op der Nummer 1 vun den däitsche Single Charts stoungen. 6 Wochen huet d’Single sech op där Positioun gehalen. D’Lidd gouf vum Holly Johnson a sengen Band-Kollegen geschriwwen.

Op engem 27 Februar vum Joer 1998 also 3 Wochen nom Dout vum Falco koum deem säin 8. Studioalbum mam Numm Out Of The Dark eraus. De Falco konnt ganz schwéier mam Erfollegsdrock ëm goen. No Rock Me Amadeus wat op der ganzer Welt en Hit war huet hien nëmmen schwéier zu senger Musek fonnt.

18 Joer sinn et hier dass The Corrs mam Album Talk On Corners fir 3 Wochen op der Nummer 1 vun de briteschen LP Charts stoungen. D’Iren hunn an hirer Musek Pop a Softrock Elementer sou wéi och Folkelementer verschafft.

An d’Britney Spears stoung haut virun 18 Joer fir 2 Wochen un der Spëtzt vun de briteschen Single Charts an dat mam Lidd Baby One More Time.
D’Spears ass déi erfollegräichste Musekerin aus de 00er Joren.