
33 Joer sinn et hier dass de Michael Jackson 7 Grammyen gewonnen huet. Album Of The Year fir Thriller. Record Of The Year a Best Rock Vocal Performance fir Beat it. Dernieft krut hien de Präis fir Best R&B Performance a Best R&B Song fir Billie Jean. An e Präis fir de Beschten Soundtrack am Film E.T
De Michael ass nach bis haut dee wuel gréisste Museker vun allen Zäiten.
11 Joer sinn et hier dass 2 Securitéit-Leit op engem Concert vum Kanye West zu Birmingham erschoss gi sonn. Der Police no ass d’Situatioun eskaléiert nodeems e puer Leit ouni Ticket virun der Dier gestridden hunn.
E Mann ouni Ticket hat et fäerdeg bruecht eran ze kommen. Nodeems hien erausgeheit ginn ass huet hien geschoss.
7 Joer sinn hier dass d’Kesha zesummen mam Flo Rida fir 6 Wochen op der Nummer 1 vun den US Single Charts stoung. Dat mam Lidd Right Round. De Flo Rida huet als jugendlechen haart geschafft fir mat senger Musek den Duerchbroch ze packen. Hien ka mëttlerweil op Zesummenaarbechten mam T-Pain Will i.am oder eben och dem Kesha zeréck kucken.
De Mr Probz stoung dann haut virun 3 Joer op der Nummer 1 vun de Single Charts. Dat mam Lidd Waves.
Eréischt de Remix vum Robin Schulz huet d’Opmierksamkeet vum Lidd op sech gezunn.
Gebuertsdag feiert dann haut d’Cindy Wilson. Hat ass d’Sängerin vun de B52’s
Hatt kritt haut 60 Joer.
E weideren Gebuertsdag gëtt et dann haut fir den Jake Bugg
Säin Debutalbum mam selwechten Numm aus dem Joer 2012 stoung op der Nummer 1 vun den UK Single Charts. Den Jake Bugg kritt haut 23 Joer