This Day In Music - 01. MäerzNirvana, Justin Timberlake & Co.

Haut op engem 1. Mäerz....

Leschten Update: 03.03.2017, 12:33:39

© VALERIE MACON / AFP

Op engem 1. Mäerz vum Joer 1994 hu Nirvana hiren allerleschte Concert am Terminal Eins zu Münche gespillt. Terminal 1 ass e klenge Fluchhafen Hangar an deen 3000 Leit passen. Während der Show ass de Stroum ausgefall, sou dass d’Band kuerzerhand en Akkusitk Set gespillt huet. En décke Mount méi spéit huet de Kurt Cobain sech d’Liewen erholl.

22 Joer sinn et hier dass d’Lidd Streets Of Philadelphia vum Bruce Springsteen 3 Grammyen gewonnen. Dat an de Kategorië Song Of The Year, Best Male Vocal Performance a Best Rock Song. D’Lidd stoung a ville Länner op der Nummer 1 vun den Charts et war den Titelsong vum Film Philadelphia.

14 Joer sinn et hier dass den Justin Timberlake mam Album Justified op der Nummer 1 vun de briteschen Album Charts stoung. Den Justin Timberlake war Sänger bei der Band N’Sync mat deenen hie 5 Albumen an 12 Singlen eraus bruecht huet.

12 Joer sinn et hier dass de Nelly mam Tim McGraw op der Nummer 1 vun de UK Single Charts stoung; dat mat der Single Over & Over. Et war déi 3. Nummer 1 fir de Nelly an deen Éischte Grammy-Gewënn fir de Country Museker Tim McGraw

8 Joer sinn et hier dass d’Kelly Clarkson op der Nummer 1 vun de UK Single Charts stoung an dat mat der Single My Life Would Suck Without You. D’Clarkson huet am Joer 2000 american Idol gewonnen.