This Day In Music - 02. Mäerz Phil Collins, Jon Bon Jovi & Co.

Haut op engem 02. Mäerz....

Leschten Update: 03.03.2017, 12:33:36

Phil Collins© Jewel SAMAD / AFP

32 Joer sinn et hier dass de Phil Collins fir 5 Wochen op der Nummer 1 vun de UK Charts stoung. Dat mat sengem Soloalbum No Jacket Required. Déi 4 Singlen aus dem Album konnten all an Top 10 klammen. 2 Dovu stounge souguer op der Nummer 1 Dorënner Sussudio an One More Night.

Op engem 2. Mäerz vum Joer 1996 stoungen Oasis mat der Single Don’t Look Back In Anger op der 1 vun de UK Charts. Et war déi 2. Single vun der Band déi dat gepackt hat. Et war déi Éischte Single fir déi de Noel Gallagher gesongen huet amplaz vum Brudder Liam.

Den Jon Bon Jovi feiert dann haut Gebuertsdag. Hien kritt haut 55 Joer.

De Sänger vun der Band Coldplay huet dann och haut Gebuertsdag. De Chris Martin kritt 40 Joer.
D’Band ass bekannt duerch hier Lidder : Yellow Clocks an aneren. Och den Album Parachutes an X&Y stoungen op der Nummer 1 vun den Charts.

Den James Arthur kritt dann haut 29 Joer. De jonke Britt huet de Moment en Hit matt Say You Won’t Let Go