
Dave Grohl/Foo Fighters© ROBYN BECK / AFP
Haut virun 38 Joer stoungen d’Bee Gees mat hirer 4. Single Tragedy op der Nummer 1 vun de UK Single Charts. Dee selwechte Moment waren se an den US Album Charts mam Album Spirits Having Flown op der Nummer 1 vun den Charts.
Debut dann haut virun 22 Joer fir d’Foo Fighters. Si hunn op enger Benefice Show am Satyricon zu Portland gespillt.
16 Joer sinn et hier dass d’Stereophonics de Numm vun hirem Album hu missen ëmänneren. Den Autoshiersteller Daimler Chrysler hat hinnen et verbueden de Numm Jeep ze benotzen.
Den Album huet sech dono Just Enough Education To Perform genannt.
12 Joer sinn et hier dass de 50 Cent säin Album The Massacre erausbruecht huet. De Nofolger-Album vum Wierk Get Rich Or Die Trying dee 6x Platin krut.
Den Album huet sech 1 Mio mol an der Éischter Woch verkaf. Bannent 2 Méint krut den Album 4x Platin. De 50 Cents huet aus dem Album 5 Top 5 Sinlges gehat.