
Viru 34 Joer stoung de Michael Jackson fir 7 Wochen op der Nummer 1 vun den US Single Charts. Dat mam Lidd Billie Jean. Seng 4. Nummer 1 als Solo-Kënschtler an den USA an an den UK.
Um selwechten Dag ass och den Album Thriller fir eng éischte Kéier op d’Nummer 1 vun de UK Album Charts geklommen. Iwwer 50 Mio Exemplaire huet hien dovun verkaf.
Op engem 5. Mäerz vum Joer 1992 hunn R.E.M bei de Rolling Stones Music Awards ofgeraumt. Si kruten de Präis Album Of The Year, Best Single fir Losing My Religion, best Video fir dee selwechten Song a best Band
Um Enn kruten se och de Präis fir de beschte Gittarist an e Songwriter Award. REM hunn an hirer Karriär iwwer 80 Mio Placke verkaf. D’Band huet sech am Joer 2011 opgeléist.
17 Joer sinn et hier dass d’Madonna op der Nummer 1 vun de UK Single Charts stoung. Dat mat der Single American Pie.
Et war dem Madonna säi 50. UK Hit an déi néngten Nummer 1 an England. Lidd war aus dem Soundtrack zum Film The Next Best Thing
Och 17 Joer sinn et hier dass Oasis op der 1 vun der UK Album Charts stoungen. Dat mam Album Standing On The Shoulders Of Giants.