
© TIMOTHY A. CLARY / AFP
Op engem 6. März vum Joer 1997, aslo haut virun 20 Joer stoungen d’Spice Girls op der Nummer 1 vun de briteschen Album-Charts an dat mam Album Spice. Den Album deen direkt e puermol mat Platin priméiert gouf huet sech 23 Mio. mol verkaf. Et war e gelongen Debut fir d’Spice Girls
Virun 13 Joer stoung dann d’Katie Melua fir 3 Wochen op der Nummer 1 vun de briteschen Album Charts. Dat mam Wierk Call Off The Search. Et war deen Album mat deem D’Katie Melua kurz Zäit drop den internationalen Duerchbroch gepackt huet. Elleng an England huet sech den Album bal 2 Mio mol verkaf
7 Joer sinn et dann hier dass d’Lady Gaga mat The Fame ganz uewen an de briteschen Album-Charts stoung. Den Debutalbum huet sech ronn 15 Mio verkaf an zielt zu den erfollegräichsten aus dem Joerzéngt. Den Album krut a méi wéi 23 Länner direkt e puermol Platin.
Gebuertsdag feiert dann haut den David Gilmour. Hien ass Gittarist bei der britescher Band pink Floyd. Hien kritt haut 71 Joer
49 Joer kritt dann haut de Smudo vun de Fantastischen 4.
An de Bubba Sparxxx dee mam richtegen Numm Warren Anderson Mathis heescht. Kritt haut 39 Joer.