This Day In Music - 09. MäerzDead Or Alive, Notorious B.I.G & Co.

Haut op engem 09. Mäerz...

Leschten Update: 10.03.2017, 09:38:46

The Clash am Joer 1984© STR / AFP

Plaz 1 op der Insel fir Dead Or Alive um 9. Mäerz 1985 mat „You Spin Round“. De Song sollt 2009 vum Flo Rida gesampled ginn an zu sengem éischte groussen Hit ginn. Den Original vun Dead or Alive sollt och an den USA un d’Spëtz vun den Charts klammen, huet dofir allerdéngs 17 Woche gebraucht.

 

Et ass e Klassiker deen och e Joer méi al gëtt. „Should I Stay or Should I Go“. The Clash hunn et mat hirem Mega-Hit haut viru 26 Joer a Groussbritannien un d’Chartspëtz gepackt. Et sollt bis haut hiren eenzegen Nummer Hit op der Insel sinn. An et wäert och kee méi dobäi kommen. Säit 86 gëtt et d’Band nämlech net méi. De Song ass iwwerdeems scho viru 36 eraus komm, ma eréischt eng Levis Reklamm, an der d’Lidd dra war, huet et populär gemaach. Zu dem Moment ass et d’Band scho guer net méi ginn.

 

De 9. Mäerz ass leider och den Doudesdag vum Notorious B.I.G. De Rapper Christopher George Latore Wallace, ass haut virun 20 Joer am Alter vu 24 Joer erschoss ginn. Bei enger rouder Luucht ass de Museker vu 4 Schëss aus engem aneren Auto eraus getraff ginn a sollt dat net iwwerliewen. De Museker vun der East Coast war trotz aller Kritik un d’West Coast geflunn fir säi neien Album „Life After Death“ ze promoten. Deen ass 16 Deeg no sengem Doud eraus komm. D’Lil Kim, den Jay-Z, Run-D.M.C, den R. Kelly an de Puff Daddy sinn all um Album drop gewiescht.