
© ANDREW COWIE / AFP
1996 war d’Joer vum Alanis Morissette. Bei de Grammy Awards gouf et 5 Präisser. E.a fir d’Single You Oughta Know“ an den Album „Jagged Little Pill“. Um 10. Mäerz vun dem Joer sinn bei den Juno Awards a senger Kanadescher Heemecht nach 4. Präisser dobäi kommen. 6 Joer mi spéit ass et dann um 10. Mäerz op d‘1 vun de US Album Charts geklommen. Den Album „Under Rug Swept“ war säi 5. Longplayer. Drop ass de Song „Hands Clean”.
Den 10. Mäerz ass de Gebuertsdag vum Emeli Sandé! Di britesch Musekerin ass an 2. Wochen, de 25. Mäerz zu Lëtzebuerg. Den 21 spillt et e Concert zu London an do huet den Eldo d’Nolauschterin Isabel higescheckt. Mat am Package dran ass e Meet and Greet mat der Musekerin, di haut e ganz ronne Gebuertsdag feiert. Nämlech säin 30. D’Emeli Sandé heescht eigentlech Adele Sandé, huet awer och säin 2. Virnumm zréckgeruff fir net mam Adele verwiesselt ze ginn.
Och de Robin Thicke feiert e ronne Gebuertsdag. Et ass säi 40.
An den Timbaland gëtt haut och mi al. Hien feiert säin 45. Gebuertsdag.