This Day In Music - 13. MäerzLady Gaga, Lenny Kravitz & Co.

Haut op engem 13. Mäerz....

Leschten Update: 13.03.2017, 05:00:03

© JACK TAYLOR / AFP

Et war di Duerchbroch-Single vun der Lady Gaga. „Poker Face“ ass um Dag vun haut virun 8 Joer zur 1 bei eisen däitsche Nopere ginn. An duerno huet sech laang Zäit dat nämmlecht Bild un der Chartspëtz gewisen. De Song ass nämlech am Joer 2009 11 Woche laang un der Spëtz bliwwen. Fir de Song gouf et e Grammy Award a Verkafszuele vun iwwer 14 Milliounen Exemplaren bis haut !

 

17 Joer ginn et dann dat den Don McLean Original „American Pie“ zréck an den Charts war! Den Original vun 71 ass vum Madonna fir de Film „The Next Best Thing“, an dem d’Queen of Pop matgespillt huet, gecovert ginn. Och dat Lidd sollt an Däitschland op d’1 klammen an dat eben op engem 13. Mäerz am Joer 2000.

 

An och zu Lëtzebuerg gëtt et e Number One Hit um Dag vun Haut ze verzeechnen. 1999 ass de Lenny Kravitz mat „Fly Away“ op d‘1 vum Eldo Chartbreaker geklommen. 2 Wochen ass de Song un der Spëtz bliwwen. Kuerz virdrun hat hien bei de Grammy Awards de Präis “Best Male Rock Vocal Performance” gewonnen.