This Day In Music - 11. MäerzPink Floyd, Oasis & Co.

Haut op engem 11. Mäerz...

Leschten Update: 11.03.2017, 05:41:01

© Ben STANSALL / AFP

„Arnold Layne“ ass den Titel vun der alleréischter Pink Floyd Single. An déi ass haut virun 50 Joer erauskomm. Am Song geet et ëm e jonke Kärel deen Fraen-Ënnerwäsch vun enger Wäschléngt klaut. Dem Roger Waters seng Mamm, hat Schülerinnen an hirem renge Meedechers-Colleg, déi genee esou hir Ënnerwäsch geklaut kruten.

 

Um nämmlechten Dag, e puer Joerzéngte mi spéit, nämlech um 11.03.1993 hunn Oasis hir alleréischten Demo opgeholl. E wonner: Bei den Opnahme si keng Fäischt geflunn.. Wat verwonnerlech fir d’Gebridder Gallagaher war. Wéinst dem Streit tëscht de Bridder, gëtt et d’Band säit 2009 net méi.

 

 Säit Mëttlerweil 9 Joer ass d’Madonna an der Rock and Roll Hall of Fame. Um 11 Mäerz 2008 ass et opgeholl ginn. A kee gerengeren wéi den Justin Timberlake huet et op der offizieller Zeremonie Häerzlech Welcome geheescht. Am Ufank vu senger Carrière krut d’Madonna virgeworf ni den Duerchbroch géifen ze packen, wëll hat net sange kann. Deene Kritiker huet et Merci gesot.