
© TONY KARUMBA / AFP
De Stromae kritt dann haut 32 Joer an de Museker sollt sech virun 7 Joer selwer beschenken. Op sengem Gebuertsdag gesot ze kréien, dat den eegen Hit „Alors On Danse“ op d‘1 an Däitschland geklommen ass, ass wuel net de schlechteste Cadeau. 2 Wochen ass de Song un der Spëtz bliwwen. Zäitgläich war en och zu Lëtzebuerg am Eldo Chartbreaker ganz uewen.
Och d’Alexandra Stan huet sech bei eis an den Charts uewe konnte festsetzen. Haut viru 6Joer fir di 2. Kéier scho mam Hit „Mr. Saxobeat“. 1. Woch war d’Lidd op der 1.
A mir bleiwen am Chartbreaker:
Dem Alan Walker säi „Faded“ stoung haut virun engem Joer an der 6. Woch hannerteneen op der 1 vum Eldo Chartbreaker. Et sollt och de lëschte Samschde sinn, dat de Song un der Spëtz stoung. An der Woch duerno ass d’Lidd, dat Ufank Februar direkt nei vun der 0 op 1 erageklomme war, vum Sia an dem Sean Paul hirem „Cheap Trills“ verdrängt ginn.
Den Owend spillt de Pete Doherty am Atelier an haut gëtt de britesche Skandal-Museker och e Joer méi al. E kritt der 38. Vläicht denkt den Atelier io drun a sängt dem Brit en Happy Birthday.