
© TASSO MARCELO / AFP
Éischten Optrëtt fir Metallica haut op engem 14. Mäerz vum Joer 1982. D’Hardrocker hu zu Radio City a Kalifornien hiren éischte Concert gespillt.
Op der Setlist stoungen deemools Lidder wéi Hit The Lights, Killing Time oder och Blitzkrieg. Metallica hu bis haut 110 Mio Placke verkaf.
De Will Smith stoung haut virun 19 Joer mam Lidd Gettin‘ Jiggy With it fir 3 Wochen op der Plaz Nummer 1 vun den US Single Charts. De Smith deen och an der Roll vum Prince Of Belair war probéiert de Moment e musikaleschen Comeback.
Och 19 Joer sinn et hier dass Run DMC fir 6 Wochen op der Nummer 1 vun den briteschen Single Charts stoungen. De Song mat deem si Punkte konnten war It’s Like That zesummen mam Jason Nevins.
Run DMC zielen nieft Grandmaster Flash, Kurtis Blow a Public Enemy zu de Grënner vum Hip Hop.
8 Joer sinn et dann haut op den Dag hier dass U2 mam Album No Line On The Horizon op der Nummer 1 vun den briteschen LP Charts stoungen.
Fir den Album hu U2 mat verschiddenen afrikaneschen Museker zesummen geschafft an hunn esou hier mat neien Aflëss experimentéiert.