This Day In Music - 15. MäerzMadonna, Will I.Am & Co.

Haut op engem 15. Mäerz....

Leschten Update: 15.03.2017, 00:00:01

© Ben STANSALL / AFP

Haut virun 20 Joer sinn d’Spice Girls mat der Single Mama un d’Spëtzt vun den UK Single Charts geklommen. Domat ware si déi Éischte Band wou déi éischt 4 Singlen op der Nummer 1 vun den UK Charts stoungen.

19 Joer sinn et hier dass d’Madonna mat sengem 6. Album Ray Of Light op der Nummer 1 vun UK Album Charts stoung. Keen anere weiblechen Artist hat méi wéi 3 Albumen op der Nummer 1 vun de UK Charts stoen.

Virun 18 Joer gouf de Paul Mc Cartney an d’Rock And Roll Hall Of Fame opgeholl. Den Ex Beatle Bassist huet dernieft den Titel vum Sir. Zenter den 80er Joren ass hien als Solokënschtler ënnerwee.

Haut virun 18 Joer ass dann den Album 13 vu Blur eraus komm. Blur waren déi wichtegst Vertrieder vum Britpop an de 90er Joren. Spéider hunn si sech vun dem Stil distanzéiert an hu méi experimentell Weeër ageschloen.

Op engem 15. Mäerz vum Joer 2015 stoung dann de Sam Smith mam Album In The Lonely Hour erëm op der Plaz 1 vun de briteschen Albumcharts. De Sam Smith huet 4 Grammyen gewonnen ë.a als beschten neie Kënschtler a Single a fir de Song vum Joer fir d’Lidd Stay with me

De Will I. Am feiert haut seng 42 Joer. Mam richtegen Numm nennt hien sech William Jones Adams. Hien ass US Amerikanesche Rapper an Hip Hop Produzent. Hien ass Member vun de Black Eyed Peas