
4 Joer sinn et hier dass de Bruno Mars mat sengem Album Unorthodox Jukebox op der Platz Nummer 1 vun den US amerikaneschen Album Charts stoung.
Et war den 2. Album vum Hawaiianesche Museker. Den Album huet sech a ville Länner op der Plaz 1 vun den Charts opgehalen. E.A war hien iwwer 80 Wochen an de UK Charts vertrueden.
E groussen Hype huet dann haut viru 4 Joer de Song Harlem Shake vu Baauer ausgeléist. Mir erënneren eis u Videoen déi duerch d’ganz Welt gaange si wou Leit op d’Lidd komplett ausgeflippten a komesch Videoe gemaach. Am Video ware meeschtens e Grupp u Leit an Alldagssituatiounen ze gesinn. Mat der Musek huet eng Persoun mat komesche Beweegungen ugefaangen. No 15 Sekonnen huet da jidderee komplett duerch gedréint.
Den Jimmy Nail kritt haut 63 Joer. Hien hat en Hit mat Ain’t No doubt. Den Jimmy Nail stoung mat dem Song op der Nummer 1 vun de UK Charts. Well dono awer ni méi eppes nokoum gëllt hien als One Hit Wonder
Gebuertsdag feiert dann haut den HP Baxxter vu Scooter. Scooter hunn an iwwer 50 Länner méi wéi 30 Mio Placke verkaf. Si sinn am Besetz vun engem Echo. Kuckt een d’Chartpositiounen, mat iwwer 20 Top Ten Hits an den däitsche Single Charts hu Scooter e Rekord opgestallt. Si zielen domat zu enger vun den erfollegräichste Bands an Däitschland. Ahjo, den H.P Baxxter kritt haut 51 Joer
Wiedere Gebuertsdag dann haut fir de Billy Corgan. Fir hien ass et de 50. Hien ass den US Amerikanesche Kapp vun der Band Smashing Pumpkins. De Sound vun der Band ass eng éischter melancholesch melodiéis Mëschung aus Gittarerock a psychedelesche Kläng. Dobäi kënnt dann d’Stëmm vum Billy Corgan