This Day In Music - 17. MäerzVan Halen, Ed Sheeran & Co.

Haut op engem 17. Mäerz....

Leschten Update: 17.03.2017, 12:34:58

Hozier© VALERIE MACON / AFP

Op engem 17. Mäerz vum Joer 1984 ass Van Halen mat Jump an den Amerikanesche Single Charts op d’Plaz Nummer 1 geklommen. Am laf vun de Joren huet den David Lee Roth verroden ëm wat et am Lidd geet: An enger Newssendung huet hien e Mann gesinn dee sech d’Liewe geholl huet a vun enger Bréck gesprongen ass.

16 Joer sinn et hier dass Westlife mam Lidd Uptown Girl op der Nummer 1 vun de britesche Single Charts stoungen. Westlife hunn an hirer Karriär 43 Mio Placke verkaf. Dee leschte Concert huet d’Band am Joer 2012 am Croke Park zu Dublin gespillt.

Viru 6 Joer hunn sech Faithless getrennt. D’Band war 15 zesummen. Zu hire gréissten Hits zielt d’Lidd Insomnia. Den 10. Februar vum Joer 2015 huet d’Band eng Reunioun gemaach.

Gebuertsdag feiert dann haut den Hozier. Den iresche Museker kritt haut 27 Joer