This Day In Music - 18. MäerzLady Gaga, Destiny's Child & Co.

Haut op engem 18. Mäerz....

Leschten Update: 18.03.2017, 00:00:02

© VALERIE MACON / AFP

Op engem 18. Mäerz vum Joer 1979 koum d’Single We Are Family vu Sister Sledge eraus. D’Lidd stoung an den Top 10 an England an den USA an der Schwäiz an an Däitschland.

17 Joer sinn et hier dass Destiny’s Child mat der Single Say My Name fir 3 Wochen op der Nummer vun den US Charts stoungen. D’Single Say My Name huet sech 13 Mio mol verkaf . D’Band huet sech no hirem Best Of Album aus dem Joer 2005 getrennt.

6 Joer sinn et hier dass d’Lady Gaga mam Lidd Born This Way op der Nummer 1 vun den däitsche Single Charts stoung. D’Lady Gaga huet am Laf vu senger Karriär méi wéi 150 Mio Placke verkaf.

1 Joer ass et hier dass AnnenMayKantereit hier Single Barfuss am Klavier erausbruecht hunn. D’Band hat hir Ufäng zu Köln an der Foussgängerzon.

D’Lyyke Li feiert dann haut Gebuertsdag. Déi schwedesch Sängerin kritt haut 31 Joer.

An den Adam Levine de Gittarist a Sänger vu Maroon 5 kritt haut 38 Joer.