This Day In Music - 19. Mäerz50 Cent, Doop & Co.

Haut op engem 19. Mäerz....

Leschten Update: 19.03.2017, 00:00:02

Shakira© Jorge Amengual / AFP

Den 19. Mäerz vum Joer 1981 stounge J Geils Band mat Centerfold op der Nummer 1 vun den US Single Charts. An England stoung zäitgläich Roxy Music mat Jealous Guy op der Nummer der Nummer 1.

13 Joer sinn et hier dass Doop mam Lidd Doop op der Nummer 1 vun den Charts stoungen. Doop waren e Museksprojet aus Holland. D’Lidd baséiert op engem Charleston Hit aus den 20er Joren. Hautdesdaags heescht dee Stil Electro Swing

Den 19. Mäerz vum Joer 2005 war de 50 Cent deen éischte Solo Artist deen 3 Singlen an den Top 5 an Amerika hat. Dorënner waren How We Do, Candy Shop an Disco Inferno. De 50 Cent ass de Moment domat beschäftegt seng Privat Insolvenz an d’Rei ze bréngen. Um Musikalesche Plang leeft et de Moment guer net fir hien.

11 Joer sinn et hier dass d’Shakira als éischte Kënschtlerin iwwerhaapt eng Single nëmmen unhand vun Downloads fir Smartphone verbreet huet. Hips don’t Lie gouf et net op CD oder engem anere Medium. Et war eng Aktioun vun engem Handyoperateur an Amerika

2 Joer sinn et hier dass den Ed Sheeran seng 2 Milliounste Kopie vum Album Multiply an England verkaf huet. Den Album huet 9 Méint gebraucht fir dës Verkafszuelen ze erreechen. Domat stellt hien sech an eng Rei mam Adele, Emeli Sande an Take That.