
Eric Clapton© DON EMMERT / AFP
Op engem 20. Mäerz vum Joer 1991 ass dem Eric Clapton säi Song Tears in Heaven entstanen. D’Lidd ass aus enger dramatescher an extrem traureger Zeen eraus entstanen. Dem Clapton säi Jong aus haut viru 26 Joer aus der Fënster vum 53. Stack gefall. Dat wéi d’Botzfra dobäi war dës ze botzen. Fir de Jong koum all hëllef ze spéit.
24 Joer sinn et hier dass de Shaggy mat Oh Carolina fir 2 Wochen op der Nummer 1 vun de britesche Single Charts stoung. De Spëtznumm Shaggy krut de Museker well hien ëmmer struwweleg Hoer hat. Shaggy heescht genee dat. D’Original ass vun de Folkes Brothers.
Santana stoungen dann haut viru 17 Joer mam Lidd Maria Maria op der Nummer 1 vun den Charts. D’Band hat sech als Zil gesat de Latin Rock méi ze verbreeden. Dëst ass der Band an där d’Museker zimlech oft gewiesselt hunn och gelongen.
Gebuertsdag feiert dann haut de britesche Gittarist a Sänger Paul Kapranos hien ass bei der Band Franz Ferdinand aktiv. Si konnten direkt mat hirem Debutalbum eng héich Positioun an den englesche Charts erreechen. D’Single Take Me Out an den Album Franz Ferdinand stoungen op der Nummer 3.