
Bruce Springsteen
U2 stoungen haut virun 30 Joer mat hirem 3. Album The Joshua Tree op der Nummer 1 vun de UK Album Charts. Aus dësem Album goufen d’Singlen Where the Streets have No Name & I Still Haven’t Found What I’m Looking For ausgekoppelt. No 156 Wochen an den Charts war et deen Album dee sech an der Geschicht vun de UK Charts am schnellste verkaf huet. Dernieft goufe vum Album iwwer 1 Mio Kopië verkaf.
23 Joer sinn et hier dass de Bruce Springsteen en Oscar fir d’Lidd Streets Of Philadelphia krut.
De Museker deen och The Boss genannt gëtt ass weltwäit ee vun de kommerziell erfollegräichste Rockmuseker iwwerhaapt. Elleng an Amerika huet hie 60 Mio Albume verkaf. Op der ganzer Welt sinn et souguer 130 Mio Exemplaire.
Virun 20 Joer krut de Snoop Doggy Dog 3 Joer Prisong op Sursis an eng Geldstrof vun 1000 Dollar. Dat ganzt ass geschitt well hien am Verkéier opgefall ass. Bei enger Kontroll goufe Waffe fonnt.
De Snoop Dogg hat schonn ëmmer Problemer mam Gesetz. Eng éischte Kéier ass hien an de Bing gaange well hien no der Schoul mat Droge gehandelt huet.
19 Joer sinn et hier dass Run DMC VS Jason Nevins 6 Wochen op der Nummer vun de UK Single Charts stoungen. Dat mam Lidd It’S Like That. D’Lidd ass aus dem Joer 1983 gouf awer spéider vum US Amerikaneschen DJ & Producer remixed. Mat Succès