
© Screenshot
Op engem 22 Mäerz vum Joer 1978 koum d’Single Roxanne vun The Police eraus. D’Single déi um Album Outlandos d’Amour war ass awer net direkt zum Hit ginn. Réischt ee Joer drop koum d’Single nei eraus an huet et op d’Plaz 12 vun de UK Charts gepackt.
33 Joer sinn et hier dass Queen de Video fir d’Lidd I Want You Break Free opgeholl hunn.D e Video war en Parodie op déi britesch Seefenoper Coronation Street. Spéider sot de Brian May an engem Interview dass de Video d’Band an Amerika ruinéiert huet. Se goufe vun MTV gebanned.
De Puff Daddy stoung haut virun 20 Joer zesumme mam Mase fir 6 Wochen op der Nummer 1 vun den US Single Charts. Dat mam Lidd Can’t Nobody Hold Me Down. Et war seng éischten Nummer 1 an den US Charts. An England stoung d’Single op der Nummer 19.
8 Joer sinn et hier dass d’Lady Gaga fir 3 Wochen op der Nummer 1 vun de UK Single Charts mam Lidd Poker Face. Et war seng 2. Nummer 1 an den UK Charts. A seng éischten Nummer 1 an iwwer 20 Länner.