This Day In Music - 23. MäerzBob Marley, R.E.M & Co.

Haut op engem 23. Mäerz....

Leschten Update: 23.03.2017, 00:00:02

Jack Johnson© PHILIPPE DESMAZES / AFP

Bob Marley & The Wailers hunn haut op den Dag genee virun 39 Joer hiren Album Kaya eraus bruecht.

De Numm Kaya heescht esou vill wéi Gras. Um Album sinn éischter Lovesongs an Hommagen un d’Kraaft vum Marihuana drop Succèse waren Is This Love a Sun Is Shining

Fir déi nächste 4 Woche stoung de Song Easy Lover vum Phil Collins & Philip Bailey un der Spëtzt vun de britesche Charts.

Am Lidd Easy Lover gouf bewosst op en déifgrënnegen Text verzicht. Et geet ëm eng Fra déi de Männer de Kapp verdréint sech awer op näischt aléisst.

Op engem 23. Mäerz vum Joer 1991 stounge R.E.M mat hirem 7. Album Out Of Time fir eng éischte Kéier op der Nummer 1 vun den UK Album Charts. Och d’Single Shiny Happy People war op deem Album drop. De Video fir Losing My Religion huet 2 Grammyen a 6 MTV Awards gewonnen.

Virun 9 Joer ass den Jack Johnson op d’Nummer 1 vun den US Album Charts geklommen. Dat ass him mat sengem 5. Album Sleep Through The Static gelongen. Den Album stoung zäitgläich an England an an Australien op der Nummer 1.

Och 9 Joer sinn et hier dass d’Estelle an de Kanye West fir 4 Wochen op der Nummer 1 vun de UK Single Charts stoungen. Dat mat der Single American Boy. D’Lidd huet e Grammy als bescht Rap Collaboration gewonnen.

Dann feiert nach den Asaf Avidan Gebuertsdag. Hien kritt haut 37 Joer