
Justin Timberlake© VALERY HACHE / AFP
D’Gloria Gaynor stoung haut op den Dag vum Joer 1979 fir déi nächst 2 Wochen op der Nummer 1 vun de britesche Single Charts. Dat mam Lidd I Will Survive. D’Lidd mat deem hatt en internationale Charterfolleg hat war op der B-Säit vun der Single Substitute.
27 Joer sinn et hier dass d’Alannah Miles mat Black Velvet op der Nummer 1 vun den US Charts stoung. D’Lidd stoung a ville Länner vun dëser Welt op der Plaz Nummer 1 vun den Charts.
Fir déi nächst 5 Woche stoung op engem 24. Mäerz vum Joer 1996 Los Del Rio mat Macarena op der Nummer 1 vun den Charts. D’Lidd stoung praktesch op der ganzer Welt op der Plaz Nummer 1 vun den Charts. Elleng an Amerika hu si 4.5 Mio Singlen dovunner verkaf
Op engem 24. Mäerz vum Joer 1997 koum de Sampler The Very Best Of vun 10 CC Eraus. Déi britesch Rockband hat hier gréissten Erfolleger an den 70er Joren.
16 Joer sinn et hier dass Crazy Town mat Butterfly op der Nummer 1 vun den amerikanesche Single Charts stoungen . D’Band hat sech am Joer 1999 gegrënnt huet sech awer am Joer 2003 nees getrennt. Virun 2 Joer koum dun awer nach en 3. Album eraus.
4 Joer sinn et dann hier dass den Justin Timberlake mam Album 20/20 Experience op der Nummer 1 vun de britesche Charts stoung. Den Album hat sech eleng an amerika bal 1 Mio mol verkaf.