This Day In Music - 25. MäerzPrince, Guns N' Roses & Co.

Haut op engem 25. Mäerz....

Leschten Update: 25.03.2017, 00:04:02

Prince© BERTRAND GUAY / AFP

Haut virun 32 Joer krut de Prince en Oscar an der Kategorie Best Original Score fir de Film Purple Rain. De Prince huet weltwäit méi wéi 100 Milliounen Albume verkaf. Hien ass den 21 Abrëll vum leschte Joer verstuerwen

1 Joer méi spéit op engem 25. Mäerz vum Joer 1986 hu Guns N Roses e weltwäite Plackekontrakt mat Geffen Records ënnerschriwwen. D’Band huet elo am ganze méi wéi 100 Mio Albume Placke verkaf. Elleng den Album Appetite for Destruction huet sech 28 Mio mol verkaf. Dovunner hunn ech och een.

28 Joer sinn et hier dass d’Madonna op der Nummer vun de UK Single Charts stoung. Dat mam Lidd Like A Prayer. Passend zum Lidd gouf et e Kontroverse Video. Am Joer 2005 gouf de Video zum Most Groundbreaking Music Video of All Time vun MTV Spectateure gewielt.

17 Joer sinn et dann hier dass NSYNC e neie Weltrekord opgestallt hunn. Si hunn et fäerdeg bruecht 1 Mio Ticket a nëmmen 1 Dag ze verkafen. Dat fir hier 4. Tournée. Si hunn domat 42 Mio Dollar verdéngt.