
10 Joer ass et hier dass den Kelly Jones, Frontsänger vun de Stereophonics sech mat engem Rausschmeisser an engem Club nawell zolitt an d’Hoer kruut. D’Band war grad op de Vodafone Live Music Awards opgetrueden. Wat den Jones geridden hutt ass net kloer. D’Fäischt sinn op jiddwer Fall geflunn an et hutt herno eng zolitt Geldstroof misse bezuelt ginn.
Muse landen mat hierem „The Resistance“ Album eng Nr1 an den UK Album Charts. Et ass den 5te Studio Album vu Muse. 2011 gouf „The Resistance“ mat engem Grammy an der Kategorie beschten Rock Album ausgezeechent.
An den Eldo Charts land de Will Smith en Nummer 1 Hit. Men in Black land op engem 20te September 1997 op der 1 vum Chartbreaker. Fir de Will Smith ass et en Debut. Et ass di éischte Kéier dass hien net als Acteur, mä eben hei nieft dem Schauspiller och de Sänger gëtt. Direkt belount gouf et och: fir Men in Black gouf et fir de Smith de Grammy fir di bescht Rap Solo Performance. Nieft dem Eldoland hutt de Smith et awer och an Australien, der Belsch, Frankraich, Daitschland, Irland, Nei Seiland, Schwäiz de UK an den USA op d‘1 gepackt.