
© Jean-Baptiste LACROIX / AFP
Pink packt et op engem 21te September virun 5 Joer mat Just Like a Pill op d‘1 vum Eldo Chartbreaker. Ganzer 2 Woche kann sech d’Single uewen hale. D’Lidd wat um Album Missundaztood ze fannen ass , ereecht Goldstatus och wann et et nieft den Eldo Charts, just an de UK op d‘1 packt. An Däitschland zb packt „Just like a Pill“ et just op d‘2, an den USA geet et souguer just duer fir Plaz 8. Natierlech gouf de Song och 2009 gespillt wou Pink mat knallege wäissen Hoer an der Rockhal opgetrueden ass. Bis haut gehéiert „Just like Pill“ ënnert ville Pink Fans zu hiere Liblingstracks
De Liam Gallagher duerf haut feiere. 1972 kënnt hien am schéine Manchester op d’Welt. Laang Zäit war hien Leadsänger bei Oasis. Zënter der Trennung ass hien kuerz Zäit mat senger Neiforméirung Beady Eye ënerwee gewiecht. Déi gëtt et an der Tëscht awer och schon net méi. Grond dofir kéint den zimlech exzessiv Liewenswandel vum Liam an him seng arrogant Haltung vis à vis vu sénge Fans a Bandkolleege sinn. Beleidegunge géintiwwer sengem Brudder Noel, oder anere Museker an Alkohol a Kokaineskapade suerge regelméisseg fir Schlagzeile.
Happy Birthday dann och fir den Jason Derulo. Méi wéi 1 Single vum Amerikaner konnt sech bis elo an den Charts ganz uewe plazéiere. Mat 28 ass hien entre temps Multi-Millionär a kann méi wéi 50 Mio verkafte Single verbuchen, dorënner praktesch alles och Nr 1 Hitsinglen am Eldo Charbreaker. Op d’Welt koum den Derulo am £Florida. Seng Eltere aus Haiti hunn hie scho fréi mat Musek a Kontakt bruecht. Mat 5 Joer schon hutt den Derulo eege Songs gespillt. Mat 17 konnt hie Ballet an huet di amerikanesch Museksakademie mat Bravo ofgeschloss. Mat 18 schreift hien di éischte Kéier en Hit fir den Lil Wayne. Entre Temps hutt hien 4 eege Sutdioalben dobaussen an ass praktesch an allen Weltcharts ëmmer iergenswéi vertrueden.