This Day In Music - 22. SeptemberElvis Presley, Bryan Adams a Co.

Haut op engem 22. Septmeber...

Leschten Update: 22.09.2017, 00:04:01

© STF / AFP

Haut viru genee 59 Joer gëtt den Elvis Presley seng lescht Pressekonferenz um groussen US Terminal zu Brooklyn ier hien offiziell an d’Arméi agezu gëtt. Hie gëtt an dat däitscht Bremerhaven geschéckt. Sou entsteet och säin Muss i denn. Den eenzege Song vum Elvis mat däitschen Text passage

Op engem 22ten September  publizéiert d’Museksindustrie eng Etüd fir ze kucken wat d’Brite sou op hirem Ipod hunn. Resultat „Bohemian Rapsody“ vu Queen ass de beléiftsten Track. 40% vun de Briten hunn dee Song op hirem Ipod. 4 Songs vun de Beatles hutt am Schnëtt iwwregens all Brit op sengem Ipod, 3 vu Coldplay an op d’mannst 1 vu U2.

Op engem 22. September vum Joer 1991 huet de Bryan Adams e Rekord an der Hitparad opgestallt. Everything I Do I Do It For You aus dem Robin Hood Film steet zënter 12 Wochen op Plaz 1 vun de UK Charts. D’Lidd hällt sech am ganzen 16 Wochen op der Nummer 1

12 Joer sinn et hier dass de Led Zeppelin Gittarist Jimmy Page Éirebierger vu Rio De Janeiro ginn ass. Hien gouf fir säi Jorelaangen Asaz fir Stroossekanner vu Rio de Janeiro ausgezeechent