
Radiohead© PATRICK KOVARIK / AFP
En Hit deen d’Liewen geschriwwen huet. 10 CC hunn de leschten Nummer 1 Hit vun hirer Karriär. Dat war den 23. September vum Joer 1978. Dreadlock Holiday steet op der 1 vun den engleschen Charts. D’Lidd baséiert um 10CC Songwriter Eric Steward sengen Erliefnesser zu Barbados
Gefuddelt gouf och an de Charts. E.A vu Milli Vanilli. Si erreechen gläichzäiteg Plaz 1 an den Album Charts mam Album Girl You Know It’s True an och d‘1 an de Single Charts an Amerika mam Lidd Girl I’m Gonna Miss You. Ee Joer méi spéit huet sech erausgestallt dass d’Museker hir Lidder net selwer schreiwen an och noch selwer sangen.
Radiohead spillen haut virun 7 Joer am Kader vun hirer Under a Big Top Tour gläich 3 Deeg hannereneen am Victoria Park. Gläich 3 Deeg hannerteneen war de Gig sold out. Rekord: ganzer 34 Minutte waren Ticketen um Marché, dono war alles fort. Weltwäit hu Radiohead bis haut 30 Mio Placke verkaf.
28 Joer kritt haut de Lucas Graham. Mat senger Band „Lukas Graham“ huet hien ënnert anerem virun 4 Joer de Präis an Dänemark als beschten Newcomer kritt. Alleguerten d’Bandmembere vu Lukas Graham kommen iwwregens aus Kopenhagen, alleguer waren se op der selwechter Schoul, wann och net zum selwechten Zäitpunkt. 7 Years hat et dann och am Eldo Chartbraker op d‘1 gepackt. Dofir goufen et fir Lukas Graham bei der dänescher Versoun vun den Echoen 7 Nominatioune. Och an de UK hat 7 years et op d‘1 vun den Singlecharts gepackt.
Weidere Gebuertsdag huet dann haut den Bruce Springsteen hien kritt haut 68 Joer.