
© JOSEPH BARRAK / AFP
UB 40 bréngen enfin e Song eraus deen et sollt un 1 vun den UK Album Charts packen. Dat ganzt war haut virun 34 Joer. Den Album Labour Of Love hat zwar keng Lidder drop déi vun der Band selwer geschriwwe goufen. Et sinn am fong nëmme Coverversiounen vun de Lidder vun hire Virbiller an Idoler.
1 Joer méi Spéit steet de Boy George mat senger Single Karma Chameleon mat Culture Club fir 6 Wochen op der 1 vun den engleschen Charts. Et gëtt bei den Englänner déi meescht verkafe Single vum Joer. Och a weideren 15 Länner steet d’Single op der 1.
An de 80er Joren war et esou eng Saach mam Acapella Gesang. Also dem Sangen ouni dass en Instrument spillt. Dem Bobby McFerrin ass et trotzdeem gelongen op d’Nummer 1 vun den US Charts ze klammen. Dat mat sengem Lidd Don’t Worry Be Happy. D’Lidd krut 1 Joer méi spéit 3 Grammien.
Em si ass et méi roueg ginn. 2006 landen Scissor Sisters mat I Don’t Feel Like Danicn e Welt Nr 1 Hit. An iwwer 30 Länner stoung di Single op der 1 vun den Charts. An den UK an USA ass d’Single zesummen iwwer 60 Wochen an den Charts bliwwe.
Am Eldo Chartbreaker hu Fettes Brot et op engem 24te September op d’1 gepackt. An Tagen Wie Diesen konnt ganzer 4 Wochen ganz uewe bleiwe.