
Eng Nummer 1 nom 3. Ulaf gouf et dann haut virun 46 Joer. Deep Purple klammen mat hirem Album Fireball op d’Nummer 1 vun den engleschen Album Charts.
Un der Musek huet ee sech dann haut virun 28 Joer ugestach. D’Lidd Lambada vu Kaoma steet 10 Wochen op der 1 vun den däitschen Charts. Den Trend ëm de Brasilianeschen Paarungsdanz hat säi Peak am Film Lambada der verbotene Tanz 1 Joer méi spéit.
Krass. Schonn 7 Joer ass et hier dass den Taio Cruz mat Dynamite eng Nr1 am Eldo Chartbreaker higeluecht huet. D’Single war sou beléift dass se ganzer 4 Wochen vun Iech op d‘1 gevote gouf.
3 Alben hutt hien bis haut dobaussen. Keen Album huet et awer bis elo an den Album Charts bis op d‘1 gepackt.
34 Joer kritt haut de Casper. Den däitsche Rapper, 2012 war de Casper ënnert anerem um Rock a Field. Renomméiert Kritiker bezeechnen dem Casper seng Musek als Géigenentworf zum Gangsta Rap deen vu Exemplairen wéi dem Bushido oder Sido presentéiert ginn.
Gebuertsdag hunn dann och haut den Will Smith, 49 Joer sinn et fir de Grammy Gewënner, an och den Zuchhero feiert haut. Fir hien sinn et der 67.