
Et war eng Première. Haut virun 50 Joer si Pink Floyd eng éischte Kéier an den USA opgetrueden. D’Band spillt fir 3 Nuechten am Fillmore Auditorium zu San Francisco.Pink Floyd hate sech nëmmen 2 Joer virdru gegrënnt. Si ware bekannt fir hiren onverwiesselbaren a sengerzäit komplett neie Stil de kommerziell gesinn och nach e grousse Succès hat. D’Band bis zu 300 Mio Placke verkaf
Op engem 26. September vum Joer 1969 gëtt et de leschten Akt fir d’Beatles. Si bréngen hire leschten Album eraus dee si zesummen opgeholl hunn. Den Album gëtt deen éischten Album vun de Beatles dee sech méi wéi 10 Mio verkaf huet.
An och de King Of Pop hat op engem 26. September all Grond ze feieren. Säin Album Bad steet schonn zanter 6 Wochen op der Nummer 1 vun den US Album Charts. Et ass den éischten Jackson Album deen direkt op d’Plaz 1 vun den Charts klëmmt.
Nummer 1 dann haut virun 23 Joer, de 90er Plastiks Techno Museker Modo huet mat 12 Polizei. An och wann ee sech haut schummen muss dass een esou eppes gelauschtert huet. Deemools war den Track op der 1. vun den däitschen Charts. Dat fir ganzer 4 Wochen. De Mo Do war eigentlech en Italiener dee mam richtegen Numm Fabio Frittelli geheescht huet. Hien huet sech de 6. Februar d’Liewen geholl. De
Gebuertsdag feiert dann haut d’Olivia Newton-John. D’Sängerin an d’Actrice kritt haut 69 Joer.