
© JOHANNES EISELE / AFP
Reunioun vun de Spice Girls haut op dem Dag genee virun 10 Joer. Hire Reunioun Concert war bannend loh aalt iech un 38 Sekonnen Ausverkaf. Méi wéi 1 Mio Leit eleng an de UK haten sech preregistréiert firt Tix ze kréien. De Comeback Concert gouf et dunn an der ausverkaafter O2 Arena, de 15ten Dezember 2007.
Den James Blunt verléisst haut virun 14 Joer d’Arméi. 6 Joer hutt hien an der Britescher Arméi gedéngt. 2004 gëtt de Blunt der Welt bekannt. Säin Debut Studioalbum gëtt zum BestSelling Album oft the year. Youre Beautiful an Goodbye my Lover Nr 1 Hitsinglen.
Och nach e grousse Moment. De Friddens-Song vum John Lennon, Imagine erreecht op engem 1ten Oktober 1971 Goldstatus. Méi wéi 1Kéier gëtt de Song nach haut a Friddensmärsch benotzt a gëllt als DE SONG fir de Fridde schlechthin. Et ass eng Visioun vun der Gesellschaft ,fräi vu Relioune, fräi vu Nationalismus a Privateegentum. 2004 kënnt de Song am RollingStone Ranking vun de beschte Lidder vun allen Zäiten op Plaz 3.