This Day In Music - 02. OktoberRobbie Williams, Sting & Co.

Haut op engem 02. Oktober...

Leschten Update: 02.10.2017, 00:00:01

© LOIC VENANCE / AFP

Op engem 2ten Oktober lancéieren Mumford AND Sons hier Hit Single Babel. Et gëtt di meescht a bescht verkafe Single an England vum Joer 2012. 600 000 Kopie waren bannent kierzester Zäit verkaf.

 

Gebuertsdag haut fir den Xavier Naido.o. 46 Joer kritt den Naidoo haut.  Nieft senger Solokarriär ass hien jo och Grënnungsmember vun de Söhne Mannheims. Säin Debutalbum NICHTS VON DIESER WELT huet sech 1998 iwwer 1 Millioun mol verkaf. Plaz 1 Hit Single ginn et fir hien 2002, 2005, 2009, 12 an 13. Mat sengen Texter a politeschen Aussoen léist hien dacks awer och Kontroversen aus.

 

En anere grousse feiert haut. 66 Joer kritt nämlech de Sting. Egal op als Schauspiller oder Museker oder Bandmember vun THE POLICE, wat de Sting upéckt gelenkt. Egal op Grammy Award oder schonn elo Auszeechnunge fir säin Liewenswierk oder politescht a soziaalt Engagement, de Sting gëllt als Allrounder.

 

An och fir de Robbie Williams hutt sech den 2ten Oktober gelount. Virun 15 Joer ënnerschreift hien de lukratiivsten Kontrakt am Museksbuisiness ever. Mat EMI zeechent hien e Vertrag iwwer 80 Mio Pont. Op d’Fro hin wat hien elo mat sengem ville Geld géif maachen äntwert de Robbie: ech wäert et alleguerte ziele.