This Day In Music - 10. OktoberWhitesnake, Robbie Williams & Co

Haut op engem 10. Oktober...

Leschten Update: 10.10.2017, 00:00:02

© LOIC VENANCE / AFP

Ob engem 10. Oktober vum Joer 1978 ginn den Joe Perry an de Steven Tylor vun Aerosmith bei engem Concert zu Philadelphia duerch e Feierwierkskierper blesséiert. De Rescht vun de Concerten vun der Tour ginn duerch e speziellen Drot tëscht der Bühn an de Spectateuren ofgehalen.

Mat engem Zweeten Ulaf zum One Hit Wonder. Dat war haut virun 30 Joer de Fall fir Whitesnake de Fall. Déi britesch Rockband konnt mat hirer 2. Versioun vum Lidd Here I Go Again déi eenzeg Nummer 1 vun hirer Karriär verbuchen. Si hunn an hirer Karriär 20 Mio Placke verkaf dovunn 12 Mio an den USA.Gegrënnt goufe si durch den Ex Deep Purple Sänger David Coverdale.

16 Joer sinn et dann hier dass de Robbie Williams sech säin Liewensdram erfëllt. Hien spillt an der Londoner Royal Albert Hall e Swingconcert. Den Optrëtt gëtt méi spéit op DVD publizéiert. De passenden Album „Swing When You’re Winning“ gëtt dem Robbie säin Erfollegsräichsten an Däitschland.

Gebuertsdag feiert dann haut den David Lee Roth. Hien war bis 1984 de Sänger bei Van Halen. Hien kritt haut 63 Joer

An de Midge Ure, Sänger bei Ultravox kritt haut 64 Joer.