
© ANGELA WEISS / AFP
Haut virun schonn onwahrscheinleche 46 Joer stoung de Rod Stewart op der 1 an den UK Single Charts. Maggie May befit fir ganzer 6 Wochen op der 1 an den Charts. Bis haut htt hien iwwer 100 Mio Albe verkaf, a gehéiert domat zu den erfollegräichste britesche Sänger. De 14te Juli 2009 stoung hien solo zu Déifferdeng op der Bühn.
Haut virun 48 Joer refuséieren d’Maacher vun der BBC Show Top of The Pops fir eng éischte Kéier e Song ze spillen. Je t’aime Moi Non Plus stoung zwar op der 1 vun den Charts, de Producere war de Song awer ze erotesch. Et war den éischte Franséische Song dee bis dato et op d’1 vun den englesche Charts gepackt hat.
D’France Gall gewënnt haut virun 52 Joer fir Lëtzebuerg beim Grand Prix d’Eurovision de la Chanson mat sengem Hit, Poupée de cire, Poupée de son. En Nr 1 Hit hat d’France Gall ënnert anerem mat sengem Ell, ell l’a.
An op der 1 am Chartbreaker: The Bad Touch vun der Bloodhound Gang. ET war hier lescht Woch am Chartbreaker. Den Bad Touch hat et 3 Woche virdrun op d‘1 gepackt. Ganzer 4 Woche sollte si mat hirer Single op der 1 bleiwe.