This Day In Music - 13. OktoberVan Halen, Europe & Co.

Haut op engem 13. Oktober...

Leschten Update: 13.10.2017, 00:07:01

Paul Simon (riets)© ANDREAS SOLARO / AFP

Haut am Joer 1979 ass den 2. Album vun ‘The Police’ op di éischt Plaz vun den UK Charts gelant. Déi Nummer 1 hunn si während 4 Woche behalen. Op deem Album, deen nëmme 6000 Pond kascht huet, ass ënner anerem dat ganz bekannt Lidd ‘Message in a Bottle’ wat et och d‘1 vun de UK Single Charts gepackt huet. The Police hu mat hirem New Wave Sound d’Pop-Rock Musek massivst beaflosst.

Och 4 Woche laang gouf et virun 31 Joer eng Nummer 1 fir ‘The Final Countdown’ vun Europe an den däitsche Charts. D’Lidd huet et a 26 Länner op Plaz 1 vun de Charts gepackt. The final Countdown ass dat bekannste Lidd vun Europe. Als Inspiratioun huet d’Lidd Space Oddity aus dem Joer 1969 missen duerhalen. Dëst ass vum david Bowie. D’Single hätt ni solle verëffentlecht ginn well et just als Intro fir Concerten geduecht war. Den Joey Tempest. De Sänger vun der Band hat e Gefill an huet säi Wëllen duerchgesat.

Da feiert de Paul Simon haut Gebuertsdag. De Sänger vu Simon and Garfunkel, deen och solo ënnerwee ass, gëtt 76 Joer al.

De Sänger vu Van Halen Sammy Hagar kritt haut 70 Joer. Um selwechten Dag stoung d’Band an den däitschen Charts op der Nummer 1 mam Lidd ‘I Can’t Drive 55’.