
© FREDERIC J. BROWN / AFP
Haut viru 25 Joer gouf et den alleréischten Eldo Chartbreaker mat "Sweat" vun Inner Circle op der Plaz 1!Hannendrun stoungen de Peter Gabriel mat "Digging in the Dirt" an den Jon Secada mat "Just Another Day".
Et ginn och 25 Joer dat dem Tasmin Archer säin eenzege groussen Hit “Sleeping Satellite” op d'1 a Groussbritannien geklommen ass. De Song hat di britesch Musekerin schonn Enn der 80er Jore geschriwwen, ma en ass eréischt erauskomm, nodeems d'Musekerin e Plackekontrakt kritt hat. Am Song geet et em d'Moundlandung 1969.
8 Deeg Plaz 1 am Eldo Chartbreaker fir “Music Sounds Better With You” vu Stardust. Dat ginn haut 19 Joer. Stardust ass 1998 e Projet vum Daft Punk Museker Thomas Bangalter gewiescht. 1 Song hu si gehat, an dat huet direkt richteg gutt aschloe soll. Eleng a Groussbritannien war et dat meeschtverkaafte Lidd vum Joer 1998.
Haut hunn de Wyclef Jean an och den Eminem Gebuertsdag. Fir de fréiere Fugees Member Wyclef Jean ass et den 48 Gebuertsdag. Den Eminem kritt der haut 45.