This Day In Music - 1. FebruarBeatles, Nipplegate & Harry Styles

Haut op engem 1. Februar...

Leschten Update: 07.02.2018, 13:26:26

© FRANCOIS LO PRESTI / AFP

Haut virun 10 Joer huet d'US-amerikanesch Agence Nasa annoncéiert, dass sie "Across the Universe" vun de Beatles als éischt d'Lidd iwwerhaapt an de Weltall géife schécken. Um 40. Gebuertsdag vum Lidd ass et a Richtung vum Polarstär (Polaris), dee 431 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass, geschéckt ginn. De Paul McCartney huet de Projet super fonnt, "Send my love to the aliens. All the best, Paul", war säi Message un d NASA.


Nipplegate-Alarm! 14 Joer ass et hier, dass et beim Super Bowl 38 Problemer mam Janet Jackson senger Garderobe gouf. Bei enger Performance mam Justin Timberlake während der Halbzeit-Show huet deen nämlech dem Jackson seng Broscht der Ëffentlechkeet präisginn. Zënter deem sinn d'US-Fernsehsender wesentlech méi streng, wat Live-Iwwerdroungen ugeet.

Viru 24 Joer ass den Ex-Member vu One Direction Harry Styles gebuer ginn. Niewent enger Solo-Karriär an der Museksindustrie, mat e.a dem Hit "Sign of the Times" huet hie lescht Joer och ugefaangen ze schauspilleren. Am Oscar-Nominéierte Film 'Dunkirk' ass de Styles ze gesinn.