This Day In Music - 2. FebruarGenesis, Shakira & The White Stripes

Haut op engem 2. Februar...

Leschten Update: 07.02.2018, 13:24:23

© Jorge Amengual / AFP

Virun 42 Joer huet Genesis hire 7. Studioalbum "A Trick Of The Tail" erausbruecht. Et war deen éischten Album, bei dem den Drummer Phil Collins de Lead-Vocalist war, nodeems de Peter Gabriel d'Band verlooss huet. 400 Sänger, déi vum Phil Collins d'Lidder vum Album bäibruecht kruten, hunn virgesongen, bis d’Band schlussendlech decidéiert huet, dass de Phil Collins den néie Lead Vocalist gëtt. 1998 huet d'Band sech opgeléist. An dëser Woch si Rumeuren iwwert eng méiglech Reunion opkomm.

 

Haut virun 41 Joer ass Shakira (Shakira Isabel Mebarak Ripoll) op d’Welt komm. D’Kolumbianerin aus Barranquilla dat hei mat senger Single "Whenever Wherever" bekannt ginn ass, huet méi wéi 40 Milliounen Albe verkaf. Säi Song 'Hips Don’t Lie' gehéiert souguer zu deene meescht verkaafte Lidder vum 21. Joerhonnert. Dëst Joer soll et dann endlech den 19. Juni an d'Rockhal mat senger 'El Dorado'-Tour kommen, nodeems den Datum opgrond vu Problemer mat senge Stëmmbänner verréckelt gouf.

 

Viru 7 Joer hunn sech The White Stripes, e mega erfollegräiche Rock-Duo opgeléist. 6 Alben, 26 Singlen an 3 Grammy Awards hunn se tëscht 97 an 2011 erausbruecht a gewonnen. Gegrënnt hunn se sech also zu enger Zäit, wou den Internet nach net esou ausgebaut war, wéi haut. Dat huet et deenen zwee erméiglecht, sech als Geschwëster auszeginn, opwuel se eigentlech bestuet waren. De Grond fiert Trennung war kee Streit, mee haaptsächlech de Prinzip vum "Hal op wann et am schéinsten ass".