
© HO / AFP
Haut ass den 20. Doudesdag vum Falco! De Johann Hölzel, wéi e mam biergerlechen Numm geheescht huet, ass bei engem Autosaccident an der Dominikanescher Republik verstuerwen. Hien sollt 40 Joer al ginn. 1986 hat e mat "Rock Me Amadeus" een US a UK Nummer 1 Hit. Et war den éischte Kënschtler aus Éisträich, deem dat glécke soll. Méi Chance hat dann de Billy Idol 8 Joer virdrun. Um Dag vun haut am Joer 1990 sollt hie bei engem Motorradsaccident onverletzt bleiwen.
Haut um 6. Feburar hätt de Bob Marley 73 Joer kritt! Den jamaikanesche Reagge-Star sollt am Joer 1981 am Alter vu 36 Joer un de Suite vu Kriibs verstierwen. An de 70er ass de Bob Marley mat senger Band The Wailers grouss duerchgestart. "Buffalo Soldier", "I Shot the Sheriff" a "No Woman, No Cry" si nëmmen 3 vu ville groussen Hits.
An virun 19 Joer war "Narcotic" vu Liquido fir eng Woch op Plaz 1 am Eldo Chartbreaker. Et war een internationalen Hit, well eleng an Däitschland gouf d'Single iwwer 700.000 mol kaf. Déi véier Jonge vun der däitscher Band aus Sinsheim konnten nom Release vun dëser Single ni de selwechte Succès erreechen. 6 Joer méi spéit (2005) ass dem Eminem seng Single "Like Toy Soldiers" op Plaz 1 vun den UK Single Charts komm. D’Lidd staamt aus sengem 5. Studioalbum 'Encore'.