This Day In Music - 7. FebruarRod Stewart, Kool & Gang & Blondie

Haut op engem 7. Februar...

Leschten Update: 07.02.2018, 15:10:14

© FRANCESCO DEGASPERI / AFP

Mir ginn zréck an d’70er; an d’Joer 1979. Dem Rod Stewart säi "Da Ya Think I’m Sexy" sollt an de States an d’Charts erklammen. D’Lidd vum Album "Blondes Have More Fun" sollt 4 Wochen op der 1 bleiwen. De Song gëtt vum Rolling Stone Magazin als eent vun de 500 gréisste Lidder vun allen Zäiten opgelëscht. Am leschte Joer sollten DNCE de Song samplen.

"Celebrations" vu Kool & Gang dierf sech zanter dem 7. Februar 1981 och als US-Nummer 1 Hit bezeechnen. Dee sollt 2 Wochen uewe bleiwen. D’Freed vun de Museker sollt grouss sinn: déi 32 Songs, déi d Band virdrun eraus bruecht haten, sollten et net un d’Spëtz packen. Genee esou wéi all déi Lidder, déi duerno komm sinn. D’Museker gëtt et haut nach, ma däitlech manner erfollegräich, wéi an de 70er an 80er Joren.

Haut viru 19 Joer si Blondie nämlech mat "Maria" op d’1 a Groussbritannien geklommen. Et sollt de 6. Nummer 1 Hit fir d US-Amerikaner a Groussbritannien ginn. An dat genau 20 Joer no hirem éischten Nummer 1 Hit "Heart of Glass", e Song deen Enn Januar 1979 di britesch Charts ageholl hat.